Mier verkafen onst Appartement zu Déifferdeng,
et ass e grousst Appartement, mat grousse Räim, vill a grousse Fënsteren an doduercher vill Luucht, zum gréissten Deel ass Marmer um Buedem verluet ginn, en oppene Kamäin lued am Wanter op gemittlech/romantesch Stonnen an.
D’Appartement ass um zweete Stack an huet eng Wunnfläche vun 107m2.
Den Hall ass gutt ageplangt ginn doduercher verléiert een kéng onnéideg Plaatz, am Hall ass och e grousse Wandschaf verbaut wou een ganz vill stockéiere kann, wat an engem Appartement ganz praktesch ass.
Mier hunn eng WC séparé mat Lavabo, Plättercher un der Wand ginn bis op de Plafong.
Am Buedzëmmer sinn 2 Lavaboen, e Bidet, e weidere WC, eng Buedbidden, eng Fënster ass och am Buedzëmmer an och hei ginn d’Plättercher bis op de Plafong.
Schlofkummer Nr1:
Ass ganz grouss an huet och eng speziell Wand, déi fir e flotte Look suergt.
Schlofkummer Nr2:
Bitt sech Ideal als Büro un, mat vill Luucht a vill Platz, kann awer natierlech och als Schlofkummer benotzt.
D’Salle à manger an de Living, lueden wierklech an fir ze liewen. Et ass den Deel wou der di flottsten Stonnen wäert verbréngen an de grousse Raum den d’Salle à manger mam Living kombinéiert lued iech duerch d’Architektur, de marmer Buedem, de grousse Fënsteren, dem oppenem Kamäin (Qualitéits Einbaukassette, op Moos gemeet) zu flotte Stonnen an, sief et alleng, zu Zwee oder zu enger Dozen Läit.
De grousse Balkon mat 8m2 bitt eng flott vue iwwert d’Diecher op de Bësch, fir Nationalfeierdag kann een z.b. d’Freedefeier gemittlech ouni Gedrécks kucken, d’Balkonen goufen 2011 frësch gemeet.
D’Kichen, déi vun engem renomméierte Lëtzebuerger Kichenhändler propper agebaut gouf, ass nei a vu ganz gudder Qualitéit a lued zum Kachen an. D’Miwwelen si vun Nolte, a bidden vill Stauraum. D’Kichen huet eng 4cm deck Aarbechtsplack aus Granit, an och d’Mauer ass ganz mat Granit verkleet ginn, wéi och d’Fënsterbriet. D’aarbechtsplack gëtt och duerch 4 spotten ganz gutt beliicht. Och ass en Desch aus Granit an der Kichen, den sech am Alldag, sief et fir ze kachen, de Kaffi ze drénken oder fir Owesiessen als ganz praktesch erweist.
An der Kichen si folgend Apparater dranner: Frigo/Tiefkühler Kombi (Siemens), Induktiouns Kachplack mat 5 Felder 80cm breed (Siemens), Spullmaschinn (Siemens), Bakuewen (Siemens), Bakuewen/Mikrowell Kombi (Siemens) an eng Hotte/Abzugshaube ( Tecnowind).
De private Keller ass geraimeg a bitt genuch Platz fir seng eegen Wäschmaschinn, wéi och Miwwelen fir weider Saachen ze stockéieren, Wäinregaler etc… an huet Wasser a Stroumuschloss.
Et ass och nach eng privat Garage derbäi, och mat Wasser a Stromuschloss an huet och eng Heizung. En Auto plus e Motorrad passen eran (Getest mat Golf4 an enger Suzuki Bandit 600).
D’Méiglechkeet fir d’Appartement deelweis miwwléiert ze kafen, wéi och di gesamt Beliichtung ze matzeverkaafen besteet.
Puer Infos iwwert d’Residenz, si ass architektonesch flott gebaut, an et sinn am ganzen 8 Appartementer. Et wunnen nëmmen Proprietairen an der Residenz, a mir sinn mat de momentanen Noperen ëmmer ganz gutt auskomm. D’Chargen belaafen sech op ca. 200€. Den ëffentlechen Transport ass gutt zu Fouss erreechbar, den Diffbus de gratis duerch Déifferdeng zirkuléiert huet och en Arrêt an der Géigend vun der Residenz, an falls een zu Fouss an d’Stad (Déifferdeng) wëll goen ass och keen Problem, an 10 Minutten ass een an der Stad. An fier alleguer di gären Sport maachen et si vill Bëscher an der Géigend, Spazéierwéer, Fitnessparcours, Mountaibikestreck, riesech Kannerspillplatz.
Fir weider Froen sti mer selbstverständlech zur Verfügung.
Dir kennt ons mailen op:
Christian.De.Carolis@gmail.com
oder uruffen op:
661 742369 oder um 691 714653
Noochicht un d’Agencen:
Deswéideren wëlle mer dorops opmierksam maachen dass d’Agencen séch distanzéiren sollen, mier wöllen a mier brauchen kéng Agence.
Eigentlech selbstverständlech, mais mir weisen trotzdem op d’Urheberrecht vun de Foto’en hin, a behalen ons d’Recht fir am Fall wou Abus gedriwwe gëtt, geriichtlech dogéint virzegoen. Mier wëllen a kénger relation de commerce an egal wéi enger Form mat iergendenger Agence trieden.